Erklärung

Schmock aus Pabeier

Dee vu mir hiergestallte Schmock ass eenzegaarteg an onverwiesselbar. Schon aleng d’Matière Pabeier mécht de Bijou interessant. All Objet ass een Unikat an onméiglech ze duplizéieren. De Pabeier huet duerch dës Method eng Méiglechkeet méi fir sech auszedrécken, well dat geschriwwent Wuert mat Faarwen a Forme verbonne gëtt.

Déi meescht Bijouen entstinn aus engem Buch, aus deem ech Säit fir Säit déi geplangte Form eraustrennen. Duerno fügen ech jee nodeem faarweg Säite bäi. Dës Schichte ginn da mat enger spezieller Method zu engem Rohling zesumme gefüügt an dann duerch Schläifen, Feilen a Schneiden a seng endgülteg Form bruecht. De fäerdege Bijou gëtt lo nach versigelt a kann da rëm am Buch seng Plaz anhuelen.

Op Wonsch kann ech individuell Bijouenop Mooss hierstellen.